home intro background home intro background

title background title background Reconnect with nature. Reconnect with yourself.

home slider image

(RE)CONNEXIOUN MAT DER NATUR

D’Natur wéi Dir des nach ni erlieft hutt. Eng Immersioun an de Bësch, fir d’Wierkung vun der Natur op de Mënsch ze léieren an ze erliewen.

Iechternach, Baerdorf, Beefort

7 Dezember 2024, 25. Januar 2025, 1. Mäerz 2025, 29. Mäerz 2025; vu 9 Auer bis 12 Auer.

Begrenzt op 12 Partizipanten.

MÉI GESINN
home slider image

Psychologesch Begleedung an der fräier Natur

Entdeckt meng psychologesch Begleedungen an der fräier Natur fir Äert Wuelbefannen ze fërderen. Profitéiert vun Therapie-Sessiouns an der Natur, an der Diskretioun an der Serenitéit vum Bësch, ugepasst un Äre Bedierfnesser.

Bësch zu Beefort
Individuell Begleedung

MÉI GESINN
home slider image

VERSCHENKT E KADDOSBON MAT SËNN

Firwat dëst Joer net eppes anescht verschenken: eng onvergiesslech Erfarung an der Natur, fir opzeltanken an erënnerungsräich Momenter ze schafen?

Eng Natur-Reconnéktioun ass e Moment vu Wuelbefannen, eng nohalteg Wiel an eent eenzegaartegt Geschenk. ????

Kontaktéiert mech fir méi Informatiounen oder fir e Kaddosbon ze verschenken!

MÉI GESINN
home slider image

KONFERENZ HR LUX TRADE FAIR

Méi Leeschtung a Wuelbefannen duerch Natur!

Entdeckt, wéi Naturverbindung Stress reduzéiert a Motivatioun fërdert.
Praktesch Léisungen, fir Natur an Är HR-Strategie anzebannen.
Kommt op d’HR LUX Trade Fair Konferenz fir Inspiratioun!
20. Maerz 2025, 14:15 – 15:00

MÉI GESINN
under slider bg under slider bg
apropos image

iwwer

D’MËNSCHEN ERËM MAT DER NATUR VERBANNE, FIR D’MENTAL GESONDHEET AN D’RESILIENZ ZE STÄERKEN

Den Zerfall vun der mentaler Gesondheet, d’Kris vun der Ëmwelt an de Verloscht vum Liewenssënn sinn déi grouss Erausfuerderunge vun eiser Zäit. Fir dorop ze reagéieren, begleeden ech Eenzelpersounen an Organisatiounen mat engem Usaz baséiert op humanistescher an ëmweltpsychologescher Theorie, Neurowëssenschaften a kognitiver Verhalenspsychotherapie.

Ech si klinesch Psychologin a Coach mat enger duebeler Erfahrung an der Entreprise an an der mentaler Gesondheet. Meng déif Iwwerzeegung: eist Liewen ze re-naturéieren bedeit, eis erëm mat eis selwer, mat anere Mënschen a mat deem wat wierklech wichteg ass, ze verbannen.

Egal ob Dir no perséinlecher Ënnerstëtzung sicht oder no nohaltege Léisunge fir Är Struktur, Natural Minds steet Iech mat engem mënschlechen, wëssenschaftlech fundéierten a motivéierten Usaz zur Säit.

INDIVIDUELL BEGLEEDUNG A COACHING

An enger séierleber, fragmentéierter an usprochsvoller Welt ass et einfach, de Kontakt mat sech selwer, mat anere Mënschen a mat deem, wat eis wierklech Energie gëtt, ze verléieren.

Ech bidden individuell psychologesch Begleedung a Coaching un – am Cabinet (Echternach & Monnerech) an och an der Natur – mat Fokus op:

  • Angscht, chronesche Stress a Burnout
  • Depressioun, mental Middegkeet, Verloscht vum Liewenssënn
  • Upassungsstéierungen, Transitiounen oder Liewensbréch
  • Stéierungen vun der Stëmmung (Reizbarkeet, emotional Instabilitéit, asw.)
  • Perséinleche Wuesstem: Vertrauen opbauen, Entscheedunge klären, Ressourcen stäerken

Meng Offer richt sech un all Persoun, déi hir mental Gesondheet stäerke wëll, méi Kloerheet fannen an erëm Verbindung mat hiren déifste Ressourcen opbauen.

apropos image

D’BERUFFSUMFELD RE-NATURÉIEREN FIR D’MENTAL GESONDHEET ZE STÄERKEN AN ENG NOHALTEG TRANSFORMATIOUN Z’ERMÉIGLECHEN

Natural Minds supports organizations that want to address today’s and tomorrow’s challenges: mental health, ecological transition, sustainable engagement, and the search for meaning.

I offer tailor-made solutions:

  • Trainings and conferences
  • Nature-based coaching and (re)connection with nature
  • ESG, CSR, and cultural transformation support through nature connectedness

A unique approach that connects:

  • The demands of the professional world and basic human needs
  • Performance goals and psychological well-being
  • ESG strategy and behavioral transformation

All interventions are grounded in science (environmental psychology, neuroscience, behavioral sustainability) and tailored to your human and strategic challenges.

PARTNER A REFERENZEN

up arrow